Direkt zum Seiteninhalt

Dirigent Äischdall Musikidis - Harmonie Aischen

Menü überspringen

Dirigent Äischdall Musikidis

Memberen
Yasmine Leches


Biographie Yasmine Leches
 
 
Gebuer am Joer 2000, ass dat hoëner Meedche relativ schnell op de Genoss vum zesummemusizéiere komm an huet seng éischt musikalesch Schrëtt am lokale Kannerchouer gemaach. D’Dirigentin vun deemools, Thérèse Simon-Pau, huet hatt an de Stater Conservatoire geschéckt, wou Solfège a kuerz drop Trombonn an der Klass vum Guillaume Lebowski a spéider Serguei Khmielevskoi geléiert gouf.
 
 
D’Yasmine huet sech och scho fréi fir Jazz interesséiert an huet an der Klass vum Gast Waltzing Jazztrombonn geléiert. Parallel dozou koume Studien an der klassescher, souwéi an der jazz Harmonie, dem Fach Jazzgeschicht, der Kammermusek, dem Piano an dem Dechiffrage.
 
 
Seng Begeeschterung fir d’Ensembelspill huet d’Yasmine sécher net vernoléissegt, nieft dem Quintett „Young Brass“ huet hatt am Symphonieorchester ënnert der Leedung vum Marc Meyers an am Harmonieorchester ënnert der Leedung vum Jean Thill gespillt, den Ensembel „Drop&Dowidder“ matgegrënnt a spillt säit 2018 am „Äischdall Alphornensembel“. 2021 iwwerhëlt hatt d’Leedung vum neigegrënnte Jugendensembel vun der Äischener Musek.
 
 
No senger Zäit am Stater Kolléisch huet hatt sech um Conservatoire royal de Liège an der Klass vum Alain Pire an der klassescher Trombonn weidergebilt. Ausserdeem huet hatt och u Masterclassen deelgeholl mat renomméierten Trombonisten, wéi ënnert aneren dem Joseph Alessi, dem Peter Steiner, dem Marshall Gilkes an dem Michel Becquet.
 
 
D’Yasmine war als Chargé de Cours bei der UGDA an am Stater Conservatoire an ass ëmmer passionéiert fir seng Leidenschaft un der Musek u jonker weiderzevermëttelen.
 
 
Säit 2025 ass hatt Trombonistin an der Lëtzebuerger Militärmusek.
 
 
Zurück zum Seiteninhalt