Dirigent - Harmonie Aischen

Direkt zum Seiteninhalt

Dirigent

Memberen

Schlim Claude

Gebueren 1982 zu Lëtzebuerg mëcht de Claude Schlim seng Euphonium Studien am Conservatoire zu Esch Uelzecht beim Här Robert Weyland an Rudy De Bow, mat deem hien bis zum Diplôme de Concert zesumme schafft.


Gläichzäiteg mëcht hien éischt Präisser am Piano, an der Kammermusek, Déchiffrage, Harmonie, Méthodologie, Orchestratioun an Direktioun.

Hien studéiert um Conservatoire Royal de Musique zu Bréissel an der Klass vum Professer José Schyns a schléisst säin Studium mam Diplom licencié en musique of. Donierft mëcht hien eng Rei Masterclassen mat renoméierte Professeren wéi zum Beispill dem Robert B. Childs, Steven Mead, Olivier Haas oder Nick Ost an ass Lauréat vu verschidde Concouren, wéi zum Beispill um Concours Européen pour Jeunes Solistes.

Momentan as hien Chargé de Cours am Conservatoire zu Esch Uelzecht, dirigéiert Stagen fir jonk Museker a schreift Kompositiounen an Arrangementer fir groussen Orchester oder Kammermusekensembel. Säit 2003, ass hien Dirigent vun der Harmonie vun Äischen an zanter 2016 leed hien och d'Brass Band vum Escher Conservatoire.

De Claude spillt regelméissëg als Solist oder am Grupp zu Lëtzebuerg an am Ausland, wéi zum Beispill an der Belge, Frankräich, Däitschland, Éisträich, Italien, Bulgarien oder Amerika. Hien as Member vum Trio Aurora, vum lëtzebuerger Tuba Consortium, vum Tuba Quartett Heavy Tubes a vun der Hamonie Municipale vu Mondorf.
Zanter 2015 huet de Claude Schlim säin eegenen Tounstudio "Schlim Tounstudio" zu Helleng, wou hie professionell Opname produzéiert, haaptsächlech am Beräich Klassik an Jazz.

Zurück zum Seiteninhalt